RTL - Rebound

http://images.newmedia.lu/podcast/radiopc2014.jpg

De Magazin vun der Total League

0 Likes     0 Followers     1 Subscribers

Sign up / Log in to like, follow, recommend and subscribe!

Website
http://sport.rtl.lu
Description
De Basket Magazin, all Freideg, mat Virschau op de Weekend, Commentairen a flotten Analysen
Language
đŸ‡±đŸ‡ș Luxembourgish
last modified
2019-03-02 11:58
last episode published
2019-03-01 18:15
publication frequency
9.28 days
Contributors
RTL Radio LĂ«tzebuerg author  
RTL Luxembourg owner  
Explicit
false
Number of Episodes
41
Rss-Feeds
Detail page
Categories
Sports & Recreation

Recommendations


Episodes

Date Thumb Title & Description Contributors
1.03.2019

Rebound, 01/03/2019

Am nationalen HÀre Basket stinn zanter leschtem Weekend déi zwee Halleffinalisten fest. Nieft der Etzella huet et nÀmlech och de Basket Esch gepackt. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op de Kampf em déi drëtte Plaz.
22.02.2019

Rebound, 22/02/2019

Den 3. Spilldag vum Play Off am Basket ass erĂ«m an 2 gedeelt. Muer den Owend um hallwer 7 spillt de Stader Racing gĂ©int d’Sparta. DĂ©i aner 2 Matcher, EttelbrĂ©ck gĂ©int Steesel an Esch gĂ©int Diddeleng ginn erĂ©ischt e Sonndeg gespillt. Och am Damme- Champ...
15.02.2019

Rebound, 15/02/2019

Am Basket ass den 2. Spilldag vum Titel-Playoff ganz op haut Freideg virverluecht ginn. Och am Ofstiigsgrupp ginn d’Halschecht vun de Matcher schonn haut den Owend ugepaff. Fir muer Samsdeg bleiwe nach just zwou Partien Ă«nnenof. An och d’Damme vum GrĂ©n...
8.02.2019

Rebound, 08/02/2019

Am nationale Basket stinn zanter dem leschte Weekend d'Coupe Finalle fest. Bei den Dammen kritt Steesel et mam Gréngewald ze dinn a bei den HÀren ass et de Remake vu leschter Saison tëscht Steesel an der Etzella. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kette...
1.02.2019

Rebound, 01/02/2019

Am nationale Basket ass de Weekend mat de Coupe Halleffinallen den éischte richtegen Héichpunkt vun der Saison. Ganz interessant ass, datt et souwuel bei den HÀre wéi och bei den Dammen an all Match op d'mannst um Pabeier ee Favorit gëtt. Am Rebound vu...
25.01.2019

Rebound, 25/01/2019

Am nationale Basket ass dëse Weekend de leschte Spilldag virun de Playoffen. Souwuel bei den HÀren wéi och bei den Dammen geet et an éischter Linn drëms, wéi eng Equipe op déi 6. an domat leschte Plaz fir de Playoff kënnt. Am Rebound vun haut kuckt de ...
18.01.2019

Rebound, 18/01/2019

Am nationalen HÀre-Basket bleiwe nach 2 Spilldeeg, a mat der Sparta an de Musel Pikes streide sech nach zwou Equippen em déi 6. Plaz. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op den Tabelleleader bei den Dammen, a mir gi gewuer wéi et mam...
11.01.2019

Rebound, 11/01/2019

Am nationalen HÀre-Basket si nach 3 Spilldeeg iwwereg, an et bleift weider spannend an der Course ëm déi 6. an domat leschte Plaz am Playoff - och wann d'Sparta am Avantage ze si schéngt. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de 16. Spilldag...
4.01.2019

Rebound, 04/01/2019

Am nationalen HÀre Basket geet et no enger kuerzer Paus iwwer Chrëschtdag nees virun mam 15. Spilldag. Den aktuelle Tëschebilan gesÀit fir Equipe wéi d'Etzella an Esch extrem gutt aus, ma zu Walfer geet et géint den Ofstig. Am Rebound vun haut kuckt de...
21.12.2018

Rebound, 21/12/2018

Am nationale Basket ass haut de leschten Spilldag virun enger klenger Paus ronderëm Chrëschtdag. 2019 geet et da lues awer sécher an di decisiv Phase vum Championnat, an zanter dëser Woch steet jo och fest, wien an de Coupe-Halleffinallen géintenee spi...
18.12.2018

Koalitiounsaccord: och den SNE huet derduerch gebliedert, 18/12/2018

Den SNE huet duerch de Koalitiounsaccord gebliedert. D'Enseignantsgewerkschaft fënnt op den éischte Bléck vill Positives, ma sou munch Annoncë wieren nach vague, net am Detail erklÀert, do misst ee mat definitive Stellungnamen nach waarden.  Dann huet ...
14.12.2018

Rebound - de Basket Magazin, 14/12/2018

D'Halleffinallen an der Coupe des Dames si komplett. Bartreng, Wolz, Steesel an de Gréngewald stinn am Tour vun de leschte 4 Equipen. Dës Partie goufe gëschter a virgëschter gespillt. De Weekend ass elo nees Championnat programméiert, Rich Simon....
7.12.2018

Rebound, 07/12/2018

Am nationalen HÀre-Basket war an der Woch eng méi lass. No de 4 Equippen, déi sech fir d'Coupe-Halleffinallen qualifizéiert hunn, gëllt et sech elo nees op d'Championnat ze konzentréieren. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den 12. Spilld...
30.11.2018

Rebound, 30/11/2018

Am nationale Basket gëtt et bis elo eng Equipe, déi am Championnat nach kee Match verluer huet. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op déi Diddelenger Dammen, an och op den Topmatch bei den HÀren tëscht der Etzella an Esch.
23.11.2018

Rebound, 23/11/2018

Am nationalen HÀre-Basket ass d'Aller-Ronn eriwwer. Eng Ekipp, d'Etzella ass eleng virop a gëtt der Favoritteroll gerecht. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op déi éischt 9 Matcher zeréck.
16.11.2018

Rebound, 16/11/2018

Am nationalen HÀre-Basket ass dëse Weekend den Ofschloss vun der Aller-Ronn. An der Tabell ass den Ament mat der Etzella just nach eng Equipe eleng virop. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op déi vermeintlech Spëtzepartie vum leschte Weeken...
9.11.2018

Rebound, 09/11/2018

Am nationale Basket sinn 3 Ekippe virop: Steesel, de Racing an d'Etzella hunn bis elo eréischt 1x verluer. Dëse Weekend kënnt et zum Spëtzematch tëscht Steesel an Ettelbréck. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer och, wéi Walfer lues mÀ sécher ...
2.11.2018

Rebound, 02/11/2018

Am nationale HÀre Basket ass zanter leschtem Weekend keng Equipe méi ongeschloen. De Racing huet nÀmlech als Tabelleleader géint Steesel verluer. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och schonns op de nÀchsten Spilldag no vir, well et den...
26.10.2018

REBOUND, 26/10/2018

Am Basket war de leschte Weekend de 5. Spilldag. Iwwerdeems et bei den HĂ€ren dĂ©i logesch Erfolleger gouf, koum d‘Iwwerraschung aus dem Damme-Championnat. D’Amicale Steesel, DoublĂ©-GewĂ«nner vun de leschten 2 Joer, huet sech doheem misste gĂ©int Diddeleng...
19.10.2018

Rebound, 19/10/2018

Am Basket ass no 4 Spilldeeg nĂ«mme nach eng Equippe ongeschloen. An dat ass de Stader Racing. Et ass och nĂ«mme nach eng Equipe ouni Victoire um Tabellewupp. An do steet d’RĂ©sidence vu Walfer. All dat ass dach e bĂ«sse komesch, mengt de Guy Seyler am Reb...
12.10.2018

Rebound, 12/10/2018

Am nationalen HÀrebasket si no 3 Spilldeeg nach 3 Equippen ongeschloen: Steesel, Diddeleng an iwwerraschend och de Racing. Am Rebound kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op d'Damme-Championnat, méi speziell op den Opsteiger Wolz.
5.10.2018

Rebound, 05/10/2018

„No Ref, No Game“. Ouni Arbitter kee Match. De Sport brauch Arbitteren. Leider feelen der iwwerall. De Mann mat der PĂ€if huet vill ze dacks e schlechten Image, a gĂ«tt Ă«mmer als Éischte kritisĂ©iert. Dat drĂ©it natierlech net derzou bĂ€i, datt Jonker sech ...
28.09.2018

Rebound, 28/09/2018

Am nationale Basket war de leschte Weekend Optakt vum Championnat. No enger laanger Summerpaus ass et endlech nees am Gaang, an bei verschiddenen Equippen dauert et wuel nach e bëssen, bis d'Topform do ass. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer...
21.09.2018

Rebound, 21/09/2018

Am nationale Basket ass dëse Weekend bei den Dammen a bei den HÀren Optakt vum Championnat. Am éischte Rebound vun der neier Saison kuckt de Jeff Kettenmeyer mam Nationaltrainer an RTL-Expert Ken Diederich op dëst Championnat no vir.
14.09.2018

Gala Match VIP - Special Olympics, 14/09/2018

E Sonndeg Mëtten um 13.00 gëtt am Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng de Gala Match tëscht der Special Olympics Baskets Ekipp a enger zesummegewierfelter Ekipp aus Politik, Sport a Medien ugepaff. Eng Initiative vun der INTEREGG BASKET ACADEMY, C...
29.06.2018

Basket-Nationalekipp, 29/06/2018

GĂ«schter Owend huet dĂ©i LĂ«tzebuerger Basket Nationalequipe am Kader vun der Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaften 2021 gĂ©int Portugal gespillt. Mat 58 – 80 ass d’Defaite mĂ©i dĂ€itlech ausgefall wĂ©i dat nach am Aller-Match de Fall war. De Guy ...
1.06.2018

An 100 Sekonnen: Internationale Kannerdag, 01/06/2018

E Mënsch deen nach net, oder grad eréischt op d'Welt komm ass. Dat ass d'Definitioun vun engem Kand. Haut ass hiren Dag.
25.05.2018

Rebound, 25/05/2018

Am Basket ass de viregte Weekend dĂ©i leschten Decisioun gefall. De Championstitel bei den Dammen geet genee wĂ©i virun 12 MĂ©int no zwou Finalen un d'Amicale. D’Freed iwwer sĂ€mtlech Titele war natierlech grouss bei de Steeseler Supporter. Mee dĂ©i lescht ...
18.05.2018

Rebound, 18/05/2018

Am nationale Basket gëtt nach ëmmer de Champion bei den Damme gesicht. Muer ass déi zweet Finale tëscht dem T71 a Steesel, a mat enger Victoire wier d'Amicale Champion. De Jeff Kettenmeyer kuckt op dësen Duell zeréck an och no vir.
11.05.2018

Rebound: 2 mol Doublé fir Steesel?, 11/05/2018

Am Basket heescht de Champion bei den HĂ€ren wĂ©i och schonn dĂ©i lescht 2 Joer Amicale Steesel. Bei den Dammen kĂ©int dat och esou sinn, well hei spillt d’Amicale d’Finall gĂ©int den T71 Diddeleng. Am REBOUND vun haut kucken de Guy Seyler an de Jhang Mathe...
4.05.2018

Rebound, 04/05/2018

Am Basket kenne mir e Sonndeg vlĂ€icht schonn den neie Champion. D’Amicale Steesel reest mat engem 2- 0 Avantage op EttelbrĂ©ck a kann do – wĂ©i et Ă«mmer esou schĂ©in heescht  - de Sak zou maachen. Bei den Dammen gesĂ€it et esou aus, wĂ©i wa Steesel an d’Mus...
27.04.2018

Rebound, 27/04/2018

Am nationalen HÀre Basket ass de Weekend den Optakt vun de Championnatsfinallen tëscht der Etzella an der Amicale. Jang Mathes a Jeff Kettenmeyer kucken op des Serie no vir. Och bei den Dammen stinn d'Equippen kuerz virum Final 4.
20.04.2018

Rebound: Etzella an der Final, 20/04/2018

Am Basket steet mat der Etzella bei den HĂ€ren mĂ«ttlerweil deen 1. Finalist fest. Am REBOUND vun haut kucken de Franky Hippert an de Jhang Mathes nach eng KĂ©ier zrĂ©ck op d’Halleffinall – Matcher vun der Woch, an si maachen de Point am Damme - Championna...
13.04.2018

Rebound, 13/04/2018

Am nationale Basket sinn dĂ©i Ă©ischt Matcher vun den Hallef-finale gespillt, an do goung et nawell hĂ©ich hier. De Basket Esch an d’Etzella hunn dĂ©i Ă©ischt Punkten an der Serie „best of 5 „ geholl. DĂ©i zweet Manche gĂ«tt e Sonndeg upgepaff. MĂ©i dozou elo ...
6.04.2018

Rebound, 06/04/2018

Am nationale Basket steet Esch zanter e Mëttwoch an der Halleffinale vum Championnat an trefft do elo op de Champion Amicale Steesel. Tëscht dem T71 Diddeleng an de Musel Pikes gëtt et dogéint een drëtten an decisive Match. Am Rebound vun haut kucken d...
30.03.2018

Rebound, 30/03/2018

Am nationale Basket gĂ«tt et eescht. Haut a muer sinn dĂ©i Ă©ischt ÂŒ Finalen vum Titel Play Off. Den Owend um hallwer 9 huet den T71 Diddeleng Heemrecht gĂ©int d’Musel Pikes. Dat selwecht gĂ«llt muer den Owend fir de Basket Esch gĂ©int d’Sparta. Do dĂ€erf ee ...
23.03.2018

REBOUND, 23/03/2018

Am Basket geet et no de Coupe - Finallen dĂ«se Weekend nees weider am Championnat. Am REBOUND vun haut kucken de Rich Simon an de Jhang Mathes mat enger gewĂ«sser EnttĂ€uschung nach eng KĂ©ier zrĂ©ck op d’Matcher vum leschte Weekend an der Coque.
16.03.2018

REBOUND, 16/03/2018

DĂ«se Weekend sti mat de Coupe Finallen dĂ©i Ă©ischt Decisioune vun der Saison um Programm. Muer heescht d'Affiche an der Arena vun der Coque zweemol Steesel gĂ©int EttelbrĂ©ck. Wa bei den Dammen Steesel als klore Favorit gehandelt gĂ«tt, esou deit d‘Finale ...
9.03.2018

Rebound, 09/03/2018

Am Basket steet dëse Weekend den 3. Spilldag vum Titel Play Off um Programm. Deen interessantste Match ass wahrscheinlech e Sonndeg, wa mat Etzella an Amicale déi zwee punktglÀich Tabelle-Leaderen géinteneen untrieden. De Rebound mat Jang Mathes a Guy ...
2.03.2018

Rebound, 02/03/2018

Am nationalen HÀre Basket war déi lescht Woch am Playoff Paus, well d'Nationalequipe gespillt huet. Dëse Weekend geet et weider, et dierf ee gespaant si wéi déi verschidden Equipen déi kleng Paus genotzt hunn. Am Rebound kucke Franky Hippert a Jeff Ket...
23.02.2018

Rebound, 23/02/2018

Am Basket hu gëschter déi Lëtzebuerger HÀren heiheem géint Zypern gespillt, an dat war och dem Tom Schumacher sÀi leschte Match am Dress vun der Nationalequipe. Am REBOUND vun haut maachen de Guy Seyler an de Jhang Mathes ënner anerem e kuerze Réckbléc...