RTL - FLF Goal

http://images.newmedia.lu/podcast/radiopc2014.jpg

De Magazin vun der Football Federatioun

0 Likes     0 Followers     1 Subscribers

Sign up / Log in to like, follow, recommend and subscribe!

Website
http://sport.rtl.lu
Description
De Magazin vun der Football Federatioun mat villen News vum Championnat an der Nationaléquipe
Language
🇱🇺 Luxembourgish
last modified
2019-02-26 19:45
last episode published
2019-02-25 18:15
publication frequency
13.8 days
Contributors
RTL Radio Lëtzebuerg author  
RTL Luxembourg owner  
Explicit
false
Number of Episodes
35
Rss-Feeds
Detail page
Categories
Sports & Recreation

Recommendations


Episodes

Date Thumb Title & Description Contributors
25.02.2019

FLF Magazin, 25/02/2019

Dëse Weekend war d'Reprise vum Futtball Championnat. D'Fola an den F91 si gutt aus der Wanterpaus zeréck komm. Déi aner sougenannte Spëtzenequippen hu sech awer schwéier gedoen. An ee Spiller ass gëschter an de Club vun den Honnerter opgeholl ginn. Dat...
11.02.2019

Football: Luc Holtz iwwer verschidde Proffien, 11/02/2019

E Mëttwoch geet fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe d'Preparatioun fir déi nächst Europameeschterschaftsqualifikatioun lass. Den 22. Mäerz kréien d'Rout Léiwen et jo do am Stade Josy Barthel mat Litauen  ze dinn. D'FLF-Formatioun spillt lo e Më...
4.02.2019

Tennis: Fed Cup zu Lëtzebuerg J-2, 04/02/2019

An zwee Deeg ass et esou wäit, dann gëtt et eng Premiere hei am Land fir déi Lëtzebuerger Tennis-Dammen. Et ass déi éischte Kéier datt d'FLT-Spillerinnen am Fed Cup, heiheem kënnen untrieden. Mandy Minella, Eleonora Molinaro a Co. sinn zu Esch am Natio...
28.01.2019

Tennis: Gilles Muller neien Lëtzebuerger Davis Cup Kapitän, 28/01/2019

De Gilles Muller ass haut offiziell als neie Lëtzebuerger Davis Cup Kapitän virgestallt ginn. Den 35 Joer ale fréieren Tennisprofi léisst domat de Johny Goudebour of. Nom Enn vun der Karriär am August zejoert, ass dëst lo eng logesch Suite, Franky Hipp...
17.12.2018

Football: Déi Benevol vum F91 an der Europa League am Asaz, 17/12/2018

Den FLF-Magazin ass an der Wanterpaus, mär schwätzen haut awer iwwer Futtball. Déi lescht 5 Méint waren extrem intensiv fir den F91. Den Diddelenger Futtballveräin hat sech als éischte Lëtzebuerger Club fir d'Gruppephase vun der Europa League qualifizé...
10.12.2018

FLF-Magazin: F91 weider, 3 Escher Veräiner eraus!, 10/12/2018

An de Véirelsfinallen vun der Coupe de Luxembourg si nach 6 Veräiner aus der BGL-Ligue, an zwee aus der Éierepromotioun dobäi. An der Spëtzepartie vun den Aachtelsfinallen huet sech den F91 Diddeleng géint d'Fola duerchgesat. Donieft goufen awer och na...
3.12.2018

FLF-Magazin: Fola Equipe vun der Stonn, 03/12/2018

Gëscht war d'Auslousung vun der nächster Europameeschterschaftsqualifikatioun. D'Rout Léiwen kréien et ënnert anerem mam Titelverdeedeger Portugal ze dinn. An der BGL-Ligue geet d'Jeunesse als Tabellenéischten an d'Wanterpaus. Un der Spëtzt sinn déi 4 ...
26.11.2018

FLF Magazin: Jeunesse Hierschtchampion, 26/11/2018

Vun engem internationalen Tournoi zu Singapur koum déi Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalequipe mat enger éischter Plaz nees heem. An der BGL-Ligue geet et lues awer sécher Direktioun Wanterpaus. Et bleift nach ee Spilldag, ma d'Jeunesse huet den ino...
19.11.2018

FLF Magazin, 19/11/2018

Mat engem 1-1 a Moldawien huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe gëschter d'Nations League ofgeschloss. D'Rout Léiwe kommen domadder an der Tabell op déi zweete Platz. Dat ass dann och d'Haaptthema haut am FLF Magazin deen iech vum Gilles Tricca a ...
12.11.2018

FLF-Magazin: Lëtzebuerg-Wäissrussland, 12/11/2018

En Donneschdeg spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe an der Nations League an der Divisioun D eng vun de wichtegste Partien an de leschten Joerzéngten. Wannen d'Rout Léiwen géint Wäissrussland, si se sécher fir d'Halleffinalen vun där Kompetit...
5.11.2018

FLF Magazin, 05/11/2018

An der Mëttesstonn goufen d'1/8.els Finalen vun der Coupe de Luxembourg gezunn. Besonnesch d'Partie tëscht deenen zwee grousse Rivalen Diddeleng géint d'Fola stécht eraus. Dann stoung beim F91 de Weekend e Spiller aus der eegener Jugend um Terrain. Un ...
29.10.2018

FLF-Magazin: Lëtzebuerg-Wäissrussland kënnt ëmmer méi no!, 29/10/2018

De grousse Rendez-vous fir déi Lëtzebuerger Nationalequipe kënnt ëmmer méi no. De 15.te November kënnen d'Rout Léiwe sech mat enger Victoire géint Wäissrussland fir d'Halleffinallen an der Nations League qualifizéieren. Haut huet de Virverkaf ugefaange...
22.10.2018

FLF-Magazin, 22/10/2018

Am Football geet et Schlag op Schlag. No der Nationalequipe war de Weekend nees Championnat, wou et déi éischt Defaite fir d'Jeunesse gouf. An der Woch ass Diddeleng an der Europa League am Asaz, an duerno stinn op nationalem Plang d'16.tels Finalen an...
15.10.2018

De Magazin vun der Futtball Federatioun, 15/10/2018

Den Owend um véierel fir 9 spillt d'FLF Selektioun de 4. Match an der Nations League. Géint San Marino mussen 3 Punkten no deenen 90 Minutten fir d'Rout Léiwen zu Buch stoen. Den FLF Magazin gëtt iech haut vum Rich Simon a Gilles Tricca presentéiert.
8.10.2018

FLF-Magazin, 08/10/2018

An de nächsten 10 Deeg stinn souwuel d'A- wéi och d'U-21 Futtballnationalequipen am Mëttelpunkt. An der BGL-Ligue war de Weekend den 8. Spilldag - an enger hëtzeger Spëtzepartie hu sech de Racing an den F91 Diddeleng mat engem Remis missen zefridde gin...
1.10.2018

FLF-Magazin, 01/10/2018

An der Gruppephase vun der Europa League ass et en Donneschdeg den zweete Spilldag, an do reest F91 Diddeleng bei Betis Sevilla. Gëscht ass den Test mam 6-1 Succès géint Titus Péiteng jo scho mol gegléckt. An der BGL-Ligue steet d'Jeunesse no 7 Spillde...
24.09.2018

FLF-Magazin, 24/09/2018

E Freideg war zu Mamer am Kinneksbond, d'Nuit du Football. Den Dave Turpel an d'Kimberley Dos Santos goufen do als Lëtzebuerger Footballspiller vum Joer gewielt. Dann hat den F91 Diddeleng en Donneschdeg och seng Premiere an der Gruppephase vun der Eur...
17.09.2018

FLF-Magazin virun F91-Mailand, 17/09/2018

An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Football gouf et gëscht eng wichteg Victoire fir de Chammpion F91. An der Europa League ass et fir déi Diddelenger en Donneschdeg de grousse Rendezvous am Stade Josy Barthel géint den AC Mailand. An der Nations League h...
10.09.2018

FLF Magazin, 10/09/2018

Mam 4-0 géint Moldawien huet d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe ee perfekten Start an d'Nations League realiséiert. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer nach emol op dësen Exploit zeréck, ma leet de Fokus awer och schonns op muer den O...
6.08.2018

FLF Magazin, 06/08/2018

Zanter gëschter rullt de Ball nees an der BGL Ligue. An dat heescht och, dass den FLF Magazin vun haut un nees all méindes op dëser Plaz kënnt. De Rich Simon huet sech haut ënnert anerem mat den zwee Opsteiger beschäftegt a stellt iech eng nei Rubrik v...
7.05.2018

FLF Magazin, 07/05/2018

Gëschter huet mam Marco Tropeano ee vun de beléiftste Lëtzebuerger Football-Arbittere säi leschte Match gepaff. E Mëttwoch sinn d'Halleffinalen an der Coupe de Luxembourg. An der BGL-Ligue dogéint sinn um drëttleschte Spilldag, déi wichtegst Decisioune...
30.04.2018

FLF Magazin, 30/04/2018

Am FLF Magazin steet haut den Escher Derby am Mëttelpunkt. Mat engem 1-1 sinn d'Fola an d'Jeunesse gëschter ausenee gaangen. Wéi gewinnt gëtt et awer och nees een Trickot vun der National-Equipe ze gewannen an de Paul Philippe kritt nees eng interessan...
23.04.2018

FLF-Magazin, 23/04/2018

D'US Esch steet an der BGL-Ligue als éischten Ofsteiger fest. Déi zweeten Ofstigs- respektiv d'Relegatiounsplaz maache mat Rouspert, Stroossen an Rodange wuel 3 Equipen ënnert sech aus. Wat déi drëtt Positioun an der Tabell ugeet, déi als lescht fir Eu...
16.04.2018

FLF-Magazin, 16/04/2018

An der Ouschtervakanz waren d'U-Kaderen vun der FLF am Ausland op sougenannten Kompetitiounswochen, an koumen mat richteg gudde Resultater nees Heem. An der BGL-Ligue ass d'Fro ëm d'Meeschterkroun esou gutt wéi gekläert. Den F91 schéngt speitstens zant...
9.04.2018

FLF-Magazin, 09/04/2018

Am nationale Football geet et Schlag op Schlag. Championnat, Coupe, Championnat. Keng gutt Woch war et fir den Progres. Virun 14 Deeg huet een nach bei deenen Nidderkuerer vum Dubblee gedreemt, elo gesäit et esou aus, wei wann et des Saison awer net ma...
19.03.2018

FLF Magazin, 19/03/2018

Gëschter war an der BGL Ligue den 18. Spilldag programméiert. Wéinst dem schlechten Zoustand vum Terrain konnt de Match tëscht Munneref a Rodange net gespillt ginn. Elo ass an der ieweschter Divisioun nees eng klang Paus ugesot. Dat ass Thema haut am F...
12.03.2018

FLF-Magazin, 12/03/2018

Englesch Wochen an der BGL-Ligue - e Mëttwoch ass et ënnert anerem d'Spëtzepartie tëscht der Jeunesse an dem F91 Diddeleng. An der Éirepromotioun war de Weekend de Nordderby tëscht Wolz an der Etzella, wou déi Ettelbrécker déi besser Affär gemaach hunn...
5.03.2018

FLF Magazin, 05/03/2018

Wéinst de Wiederkonditiounen konnt dëse Weekend am nationale Futtball Championnat nees net gespillt ginn. Domadder sinn elo schonns zwee Spilldeeg hannerteneen ausgefall. Dat ass haut een Thema am FLF Magazin deen iech vum Jhang Mathes a Rich Simon pre...
26.02.2018

FLF Magazin, 26/02/2018

Well Terrainen ze vill gefruer waren an och nach ëmmer sinn, goufen alleguerten d'Matcher vum Weekend an elo och nach bis e Mëttwoch inclus, ofgesot. An elo gëtt nees vum skandinavesche Modell geschwat. Dat ass een Thema am FLF Magazin vun haut deen ie...
19.02.2018

FLF Magazin, 19/02/2018

Mat der Jeunesse géint d'Fola stoung den Escher Derby am Mëttelpunkt vun der Reprise vum Championnat no der Wanterpaus. Fir ee war et awer och schonns de leschte Match. Nämlech fir de Jürgen Tücks. Dat sinn ënnert anerem Themen am FLF Magazin deen iech...
11.12.2017

Football: Elo ass Wanterpaus, 11/12/2017

D'Wieder ass heiansdo onberechenbar, heescht et ëmmer sou schéin. Heiansdo ass et awer och berechenbar. Gëscht waren ronn 15 Zentimeter Schnéi annoncéiert, an esou koum et dann och. Doduerch huet och de komplette Spillprogramm am nationale Football mis...
4.12.2017

FLF Magazin: Neiegkeeten fir Footballschoul, 04/12/2017

Déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe huet dat beschte Joer an hirer Geschicht hannert sech. Bei der FLF wëll een awer net stoen bleiwen, an dofir ginn et eng Rei Idiien. De Weekend konnt hei zu Lëtzebuerg wengst de schlechte Wieder an Terrainkonditi...
27.11.2017

FLF Magazin, 27/11/2017

Am FLF Magazin vun haut, kucken de Franky Hippert an der Rich Simon op de Lëtzebuerger Duell an der 2. Bundesliga zeréck. Wéi gewinnt kritt de Paul Philipp awer och nees eng Fro gestallt an dir kënnt erëm en Trickot vun der National-Equipe gewannen.
20.11.2017

FLF-Magazin, 20/11/2017

No der Lännerspill-Paus gouf dëse Weekend nees an der BGL Ligue gespillt. Enner anerem war et deen éischte Optrëtt op der Trainerbänk um Racing fir de Patrick Grettnich. An do goufen et fir déi Stader 3 Punkten. De Patrick Grettnich ass een Thema am FL...
13.11.2017

FLF-Magazin, 13/11/2017

Am Moment spillt déi Lëtzebuerger U-19 Footballnationalequipe d'Europameeschterschaftsqualifikatioun déi a Form vun engem Mini-Tournoi hei am Land gespillt gëtt. De leschten Donneschdeg war et dann e ganz positiven Ofschloss fir d'A-Equipe an deem erfo...